Wäistuff Deisermill

D’Wäistuff Deisermill ass harmonesch an de Fiels agebonnen. Dës modern Schmaachstuff mat Vue op d’Muselschleef bitt Iech d’Méiglechkeet déi ganz Gamme vu Wäiner a Crémante kennenzeléieren. Déi nei Holzterrass lued an op eng gemittlech Ronn bäi engem Glas Wäin oder Crémant.

Den eigentleche Wäikeller, dee fir de Stockage vum Crémant genotzt gëtt, ass e massiv wierkenden, zouene Baukierper mat enger Fassadeverkleedung aus graff strukturéiertem Siichtbëton.

D’Wäistuff gëtt duerch eng duerchgoend Fënsterfront op hierer ganzer Längt de Bléck op d’Musel an d’Uertschaft Meechtem fräi. De groussen, schréien Daachiwwerstand aus glatem Siichtbëton wierkt aluedend. De beige-groe Faarftoun vun der Fassade vum Keller gëtt an de Buedembeleeg vun der Wäistuff weidergefouert. E reflektéiert engersäits déi geologesch Struktur vun dësem Deel vun der Musel (Kalleksandsteen, Muschelkallek) a fërdert anerersäits e natierlecht Afüge vun de Gebaier an d’Landschaft.
Déi modern Bautechnik reguléiert d’Temperatur an d’Fiichtegkeet am Wäikeller a fërdert e gesond Raumklima an der Wäistuff.

Wine & Spirits Follow us on instagram

Made with love by Qode Interactive

X